Elo am LIVE TV

Televisioun Steesel22:15 – 22:45

Iwwer eis

apart TV

ass e Lëtzebuerger Fernsehsender fir Grouss a Kleng an ass de 15. Januar 2015 um 18 Auer déi éischte Kéier op Sendung gaang.

Um Kanal 82 vu PostTV an am TV-Reseau vun der ELTRONA gëtt en ofwiesslungsräiche Programm gewise mat Reportagen, Interviewen a Publi-Reportagen. Ob Sport, ob Business, ob Lifestyle oder Kultur - alles fënnt seng Plaz op apart TV.


File apart TV ass innovativ an interaktiv. Dir wëllt den traditionelle Concert vun der lokaler Fanfare iwwert d'Grenze vun der Uertschaft bekannt maachen? D'Jugendaarbecht vun ärem Sportsclub emol an déi richteg Luucht setzen? Mat enger Informatiounsversammlung wierklech jiddereen an d'Bild setzen? Oder einfach Publicitéit fir Äre Commerce maachen?


apart TV ass déi optimal Plaz fir Informatiounen op eng modern Aart a Weis engem breede Public bekannt ze maachen.


File E Bléck an den aktuelle Potpourri vun apart TV: Handball TV by AXA, apart Spezial, eschopping city, d'UGDA informéiert, E gudde Rot, Police TV, Gemeng Péiteng, Riicht eraus, Luxembourg Ladies Tennis Masters, TTL Open Tennis Classics, sportspress.lu Awards Night,...