Elo am LIVE TV

1000 Joer Buerg Clierf - Land a Leit22:45 – 00:20

Reklammen

Är Ufro fir TV oder Internet Reklammen

Sidd Dir un Televisioun oder Internet Reklammen interesséiert?

Mir beroden Iech gären. Fëllt einfach de Formulaire aus a mir kontaktéieren Iech.

Ufro fir Reklammen

Andeems Dir op "Fortschécken" klickt, akzeptéiert Dir eis Privatsphär Politik a gitt eis Erlabnes Iech per Telefon oder E-Mail ze kontaktéieren.

Firwat TV Reklammen

Hei sinn e puer Virdeeler vun TV Reklamme fir Är Geschäftsstrategie:

Méi e grousse Public erreechen

De Medium Televisioun ass a bleift ongeschloen, fir méi e breede Public unzezéien, egal wéi spezifesch Är Online Strategië kënne sinn. D'Televisiounsreklammen erlaben Iech, sech mat Leit ze verbannen, déi net onbedéngt zu Ären typesche Clienten an deem sengen Interessen a Kafverhale passen.

Baut Är Mark op Vertrauen op

Wann eng Firma de Budget huet, fir op der Tëlee hir Reklammen ze weisen, dann ass d'Warscheinlechkeet grouss, datt se eng laang Lëscht vun treie Clienten huet, déi hire Produit schonns reegelméisseg benotzen. Dëst hëlleft d'Vertrauen an Är Mark ze erhéijen.

Fix Käschten

Ass Är Publicitéit op der Tëlee bis bezuelt, dann ass se wéi a Stee gemeesselt. Dir kënnt Iech da roueg sëtzen an nokucken, wéi Är Werbezäit sech duerch eng Erhéijung vun Äre Revenuen autofinanzéiert. Dir kënnt Är Resultater an Är Interête gesinn, wärend Är Reklamm gewise gëtt. An esou kënnt Dir och schonns Ären nächsten Investissement fir eng Reklamm budgetiséierten a plangen.


File

Firwat Online Reklammen

Online Reklamme sinn eng wäit benotze Manéier fir Firmen hiren Zilpublikum auszebauen, de Verkaf ze stäerken an d’Markenerkennung ze verbesseren. Hei sinn e puer Virdeeler firwat Dir Är Online Reklamm an Äre Geschäftsplang sollt integréieren:

Weltwäit erreechbar

Online Annoncë sinn net limitéiert op d’Publikum vun engem eenzege Land, si erlaben Iech Äre Bekanntheetsgrad op verschidde Länner a Regiounen ze erweideren. Mat der richteger Strategie erreecht Dir sou e méi breede Public.

Geziilt Strategien

Dir hutt d’Fräiheet Är Campagnen esou strategesch ze designe wéi Dir wëllt. Dir kënnt op verschidde Manéiere mat spezifeschen Inhalter a Medien e gewëssent Segment vun Äre Clientë cibléieren, oder mat A/B Tester verschidden Optiounen ubidde fir dat beschte Resultat z’erreechen.

Direkte Feedback

Ganz séier kënnt dir gesi wéi effikass Är Campagne ass. Iwwert en Daten Tracking gesitt Dir op Är Investitioun sech lount a wat all Klick Ärem Betrib bréngt. Esou kann een direkt Upassunge maache fir Iech Zäit a Suen ze spueren.

Quantifizéierbar Resultater

Detailléierten Daten Tracking ass ee grousse Virdeel vun der Online Reklamm. Andeems Dir geziilten Annoncë benotzt, kënnt Dir genau gesi wien op Är Annonce reagéiert an Ären neie Client identifizéieren. Sou gi keng Ressourcë verbëtzt an Dir kënnt reegelrecht moosse wat fir Är Strategie funktionéiert a wat net.

Käschten-Effizienz

Online Annoncen si net nëmme méi bëlleg wéi aner traditionell Reklammmethoden, awer si bidden Iech och eng komplett Kontroll. Dir kënnt se lancéieren oder zu all Moment stoppen. Eng kuerz Paus oder ännere wann Dir et fir néideg fannt. Esou kënnt Dir Äre Budget am A behale fir de beschte Rendement op den Investment ze garantéieren.